Back to top
33

Schafft een am Beräich vun der Kulturgeschicht, kënnt een net derlaanscht, de Begrëff vun der Kultur, mat deem en hei operéiert, op d’mannst am Usaz ze ëmräissen.

De Begrëff Kultur ass dobäi schwéier ze faassen, och well en an der Alldagssprooch éischter diffus gebraucht gëtt.

Hei gëtt en dacks fälschlecherweis gläichgesat mat der sougenannter Héichkultur, representéiert vun der Héichliteratur (Höhenkammliteratur), der klassescher Musik an der Konscht. Kultur beschränkt sech awer net just op déi verschidden Aspekter vu Kultur, wéi Literatur a Konscht.

33
„Kultur […] ist das komplexe Ganze, das Wissen, Überzeugungen, Kunst, Gesetze, Moral, Tradition und jede andere Fertigkeit und Gewohnheit einschließt, die Menschen als Mitglieder einer Gesellschaft erwerben“
Edward Burnett Tyler
(source)
"The origines of culture" (1871)
33

Kultur kann ee mat Hëllef vun zwou Metapheren erklären:

  1. Kultur als Gediechtnesphänomen: Mat der Metapher vum Gediechtnes soll de Prozess vun der Iwwerliwwerung vu bestëmmten, fir eng Kultur spezifesch Praktiken, wéi Ritualer, Traditiounen, Normen, Wierker, Sproochen, ausgedréckt ginn. An dësem Verständnes gëtt Kultur deemno als eng Praxis ugesinn; d’Ausübung, d’Bäibehale vun de verschiddenen Aspekter bedéngt d’Iwwerliwwerung an dat kulturellt Selbstverständnes vun enger Gemeinschaft.

  2. Kultur als Pool vun Texter: Mat der Metapher vu Kultur-als-Texter versicht een erauszefannen, wéi ee Sënn eng Gemeinschaft hire Praktiken, Produkter, Institutiounen asw. gëtt.
34

Den Titel vun dëser Plattform enthält dräi wichteg Begrëffer, déi d’Zilrichtung vum Cours däitlech maachen:

Mat Lëtzebuerg ass de Raum oder den Territoire Lëtzebuerg gemengt an net d’Iddi vun der Natioun. Am Beräich vun der Fuerschung läit de Fokus domadder net exklusiv op dem Staat Lëtzebuerg; déi ganz historesch Entwécklung um Territoire Lëtzebuerg soll ënnert d'Lupp geholl ginn.

Och de Kulturbegrëff soll méiglechst breet verstane ginn als déi ganz Bandbreet vu materiellen Ausdrocksforme wéi Literatur, Konscht a Musek, mee och vun de sozialen Institutiounen a Mentalitéiten. Dobäi geet et drëm, och déi ze interpretéieren an déi kollektiv Sënnstëftung ze identifizéieren.

Schliisslech bezitt sech de Begrëff Geschicht zum engen op d’Geschicht vun de verschiddene Beräicher, awer och op d’Historiographie, also op d’Nodenken iwwer d’Geschichtsschreiwung vun / an de verschiddene Beräicher.

34
  • Open Source
    D'Schueberfouer
  • Open Source
    Lëtzebuerger Kachkéis
  • Open Source
    D'Graf vum Jang de Blannen an der Kathedral vu Lëtzebuerg
35

Narrativer sinn Erzielungen, déi an enger Kultur zirkuléieren a Kultur ausmaachen. Si gehéieren zu den zentrale kulturellen Ausdrocksformen, déi wesentlech zu der Selbstdeitung an der Sënnstëftung vun enger Kultur bäidroen. Narrativer hunn ausserdeem zu allen Zäiten an an alle Gemeinschaften existéiert.

Kulturgeschichtlech Theme loossen sech deemno gutt iwwer d'Analys vun hiren Narrativen opschaffen. Et ass dobäi wichteg ze kucken, wat fir eng Funktioun dës Narrativer zu verschiddenen Zäiten ze erfëllen hunn.

35
Beispill vun engem Narrativ: Duerstellung vu Lëtzebuerg

"Il est un petit pays",  Documentaire vum René Leclère (1937). Archiv: Centre national de l'audiovisuel (CNA).

Den Documentaire ciné-radiophonique Il est un petit pays vum Realisateur René Leclère gouf vun der Lëtzebuerger Regierung 1937 a Virbereedung op d’Participatioun un der Paräisser Weltausstellung an Optrag ginn.

 

35
"Luxembourg. Let's make it happen", Animatiounsfilm vum Laurent Witz (2017) © Comité Inspiring Luxembourg

Am Januar 2018 huet d’Regierung d’Marketing-Campagne ‚Luxembourg. Let’s make it happen‘ lancéiert, mat engem Animatiounsfilm, dee fir dës Campagne zesummegesat gouf.

35

No dëser kuerzer Aféierung, wat ënner Lëtzebuerger Kulturgeschicht ze verstoen ass, ginn an deenen nächste Kapitelen déi ënnerschiddlech Beräicher beliicht.

  • Wat ass Kultur

  • Zum Titel: Eng Lëtzebuerger Kulturgeschicht

  • Method vun den Narrativer

Rop

01

 

01

rof