Back to top

/sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_6.1.png?itok=r80GMQBn
6
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_kapitel6-3.jpg?itok=up7Q0pyH
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_kapitel6-3.jpg?itok=W5B071he
    /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_6.3.png?itok=xgVlceia
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_6.3_0.png?itok=rQbuCHOK
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_6.3_0.png?itok=JCVrsl6K
  • /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_6.4.png?itok=MCWWk5KV
    /sites/default/files/styles/deco_kapitel/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_6.4.png?itok=kUKz9JXe
    /sites/default/files/styles/background/public/2018-09/MEN_Kulturgeschicht_BG%20Pictures_SCREENDESIGN_kapitel6-2.jpg?itok=AL10DW0k
30

A. Aleedung

Eng fräi Press ass eng zentral Institutioun an enger Demokratie. Si iwwerwaacht a kommentéiert kritesch déi politesch Prozesser an Decisiounen an ass un der Bildung vun enger ëffentlecher Meenung bedeelegt. Dobäi weist déi Lëtzebuerger Press- a Medielandschaft verschidde Partikularitéiten op:

30

B. Partikularitéite vun der Lëtzebuerger Press- a Medielandschaft

Par rapport zur Gréisst vum Land gëtt et zu Lëtzebuerg ëmmer schonn e grousse Räichtum un nationalen an internationale Presseprodukter (dat gëllt fir Tëlee, Radio, Dageszeitungen, Magaziner).
De klenge Lëtzebuerger Marché war eng laang Zäit oninteressant fir auslännesch Konkurrenten. Als Konsequenz huet sech e geschützte Maart entwéckelt. Doduerch war den Drock fir Moderniséierungen an Innovatioune bis an d’Mëtt vun den 90er Jore relativ geréng.
 

Déi Lëtzebuerger Presselandschaft weist eng grouss Intimitéit op. Journalisten a Politiker kenne sech oft perséinlech. Dat bréngt d’Gefor vun der feelender Distanz mat sech. Investigative Journalismus ass am Géigesaz zu kriteschem Journalismus nëmme schwéier méiglech. Grad bei nationalen Theme stellt ee vill Gefällegkeets- a Verlautbarungsjournalismus fest. Mee et ginn awer och Ausnamen ewéi zum Beispill d’satiresch Zeitung Den Neie Feierkrop, déi och heiansdo e Scoop hat.

30
  • D'Zeitungslandschaft zu Lëtzebuerg

a. Partikularitéite vun den Dageszeitungen

Lëtzebuerg war zwar laang Zäit eng Natioun vun Zeitungslieser, mee et muss een tëschent enger Situatioun virun der grousser Pressekris, där hir Originnen an der Mëtt vun den 90er Jore leien an déi 2010 hiren Héichpunkt erreecht, an enger Situatioun dono respektiv der Situatioun vun haut ënnerscheeden.
Déi Lëtzebuerger Dageszeitunge goufe laang Zäit virun allem no politescher Loyalitéit abonnéiert.

Zousazinformatioun

Bis an d’90er Joren era gouf et dofir keng reell wirtschaftlech Competitioun tëschent den Zeitungen,. Eng Ausnam war d’Luxemburger Wort, wëll hei d’Doudesannoncë stoungen. D’Luxemburger Wort hat och laang Zäit och den Image, um journalistechen Niveau déi ‘beschten’ Zeitung ze sinn (och wann een net ëmmer mat de Meenungen averstane wor!).
Amplaz an enger wirtschaftlecher Konkurrenz stoungen d‘Zeitungen also éischter an enger politesch-ideologescher Konkurrenz zueneen. Oft ass et drëm gaangen, d’Deitungshoheit iwwer e politschen Debat ze gewannen, zum Beispill iwwer de Meenungsaustausch via Editoriallen.
Laang Zäit gouf et eng kloer Parteigebonnenheet mat entspriechender politescher Visioun vun der Gesellschaftsuerdnung a keng Iwwerparteilechkeet vun der lëtzebuergescher Press, wéi een dat der Definitioun no eigentlech géif erwaarden.

30

Am Verglach zum Ausland si vill Dageszeitunge wirtschaftlech net rentabel. Dofir si se ofhängeg vun der staatlecher Pressehëllef, déi 1976 agefouert gouf. Dëst ass de Garant fir e Meenungspluralismus. Et stellt sech awer och d’Fro, ob se dat och fir d’Meenungsfräiheet ass.
An de Lëtzebuerger Dageszeitungen ass et wichteg, déi lokal a regional Evenementer (zemools Sport a Lokales) genau esou ofzedecken wéi national Debatte bis hin zu internationalen Nouvellë, fir de Lieser/-innen e méiglechst komplett Bild vun der Aktualitéit ze liwweren.
 

D’Méisproochegkeet an déi international Zesummesetzung vun der lëtzebuergescher Gesellschaft hunn et mat sech bruecht, datt d’Zeitungen och dacks méisproocheg waren. Däitsch huet zwar dominéiert, mee et muss een och nach haut zweesproocheg sinn, fir verschidden Dageszeitunge vu vir bis hanne kënnen ze liesen. Vun den 90er Joren u gëtt et Zeitungen, déi sech geziilt un en engleschen oder franséische Public riichten.

30
  • © RTL Group
    Den aktuelle Logo vun RTL Radio an Télé Lëtzebuerg
  • © RTL Group
    Den aktuelle Logo vum RTL Group

b. Partikularitéite vu Radio an Tëlee

Als éischt muss een tëschent dem RTL Group (fréier CLR/CLT) an RTL Lëtzebuerg mat de Senderen RTL Radio Lëtzebuerg a RTL Télé Lëtzebuerg, déi zum RTL Group gehéieren, ënnerscheeden.
D’Privatentreprise CLR/CLT kritt 1930 déi staatlech Konzessioun (an den De-facto-Monopol), fir vu Lëtzebuerg aus eng Rundfunkgesellschaft ze bedreiwen, zu där vun 1959 (Radio) resp. 1969 (Tëlee) un och déi zwee eenzeg lëtzebuergesch Programmer gehéieren. Bis Ufanks den 90er Jore gouf et also just zwee lëtzebuergesch Senderen hei am Land. 1991 ännert sech dat duerch d’Liberaliséierung vun de Frequenzen  – de Monopol gëtt opgebrach an nei Senderen entstinn.

31
  • © RTL Group
    De Radiotransmitter vun den Anen-Bridder an der Rue Beaumont an der Stad (1924)

A. D’Entwécklung vu Radio an Tëlee zu Lëtzebuerg

An den 20er Joren taucht de Radio als neit Kommunikatiounsmedium iwwer wäit Distanzen an Europa op. Pionéier zu Lëtzebuerg sinn de François a Marcel Anen, déi vun 1924 un e Radiotransmitter um Späicher vun engem Photosbuttek (deen hirem Papp gehéiert) an der Rue Beaumont an der Staat installéiert hunn.

31

Richteg interessant gëtt et dann 1929 – also relativ spéit, wann ee bedenkt, datt de Radio als Kommunikatiounsmedium schonn zënter de fréien 20er Jore verbreet ass. Déi lëtzebuergesch Regierung huet de kommerziellen Interessi erkannt, zu Lëtzebuerg e Radiosender respektiv eng Radiogesellschaft entstoen ze loossen a beschléisst e Gesetz, dat d’Situatioun reguléiere soll an dat virgesäit, datt d’Schafung vun engem neie Radiosender zu Lëtzebuerg eng Autorisatioun vun der Regierung brauch.
Engersäits wëll een international net à l’écart stoen an sech dëse Maart mat enger neier Source de revenu net entgoe loossen, anerersäits gesäit een awer och nach kee Besoin fir e lëtzebuergeschen Nationalsender.

31
  • © RTL Group
    De Logo vun der CLR (Compagnie Luxembourgeoise de Radiodiffusion)

Dat, wat een also erlaabt, ass d’Schafung vun enger internationaler Radiogesellschaft (mat haaptsächlech franséischem Kapital) zu Lëtzebuerg, déi vu Lëtzebuerg aus an Europa senden däerf – mat virgeschriwwener Neutralitéit. Doduerch entsteet eng Win-win-Situatioun: D’Lëtzebuerger Regierung muss keng Suen ausgi fir den Opbau vun enger Radiogesellschaft, kann awer Gelder kasséieren.
1930 entsteet esou d’CLR (Compagnie Luxembourgeoise de Radiodiffusion), déi sech an de Joerzéngten duerno zu enger internationaler Rundfunkgesellschaft fir Radio an Tëlee entwéckelt.
D’CLR kritt eng Konzessioun vum Staat an de Monopol fir 25 Joer (d’Konzessioun gouf duerno verlängert).

31
  • © RTL Group
    Sendestatioun vun der CLR zu Jonglënster

D’Entwécklung vun der CLR ass rasant: 1931 gëtt zu Jonglënster deen deemools stäerkste Radiosendetuerm a ganz Europa gebaut.
1932 plënneren de Siège an de Studio vun der CLR an d’Villa Louvigny. Vun 1933 un diffuséiert d’CLR a verschiddene Sproochen iwwer déi nämmlecht Frequenz: franséisch, däitsch, englesch, hollännesch, italienesch – an och lëtzebuergesch.

31
Vun 1933 un diffuséiert d'CLR international Programmer a ganz Europa. © RTL Group
31
Den Documentaire "Radio Luxembourg - Antenne de l'Occident" (1937, 14 Min.)
31

Am selwechte Joer gëtt den RTL-Orchester ënnert der Direktioun vum Henri Pensis gegrënnt.
1939 verlaangt déi lëtzebuergesch Regierung wéinst der politescher Neutralitéit vum Land, datt d’CLR mat hire Retransmissioune soll ophalen. Déi regulär Programmer ginn den 2.9.1939 (kuerz nom Ausbroch vum Zweete Weltkrich) gestoppt. Wärend der NS-Okkupatioun benotzt déi nationalsozialistesch Zivilverwaltung d’Radioinstallatioune fir Propagandazwecker.

No der Liberatioun am September 1944 benotzen déi Alliéiert e puer Méint laang d’Installatioune fir psychologesch Krichsféierung géint d’Wehrmacht an déi däitsch Zaldote, fir dës mat falschen Noriichten ze demoraliséieren.
Vun November 1945 u fonctionnéiert Radio Luxembourg nees normal.

31
D'Radiosinstallatioune vun der CLR am Déngscht vun der US-Army (1944-45) © RTL Group
31

1954 gëtt aus der CLR d’CLT (Compagnie Luxembourgeoise de Télédiffusion). D’Gesellschaft klëmmt an den Televisiounsmarché eran. Zu Diddeleng, sou no wéi méiglech un der franséischer Grenz, gëtt en Tëleessender opgeriicht.
Ee Joer méi spéit gëtt de franséischsproochege Programm Télé Luxembourg annoncéiert. Haaptleit sinn de Jacques Navadic a Robert Diligent. Noriichtereportagë goufen op richtegem Film gedréint, deen dono nach huet missen traitéiert ginn. D’Tëlee war an de 50er Joren also nach alles anescht wéi aktuell. D’Noriichte goufen an Nordostfrankräich, Lëtzebuerg an am Süde vun der Belsch diffuséiert.
 

31
Déi offiziell Aweiung vum Televisiounssender zu Diddeleng 1954
31
  • Archive: Centre national de l’audiovisuel (CNA).
    Jean Octave, Journalist an Tëleesspriecher bei "Hei Elei Kuck Elei" (vun 1969 un)
  • De Logo vun der wëchentlecher lëtzebuergeschsproocheger Emissioun "Hei Elei Kuck Elei". Archive: Centre national de l’audiovisuel (CNA).
  • Archive: Centre national de l’audiovisuel (CNA).
    Politesch Diskussiounsronn op "Hei Elei Kuck Elei"

1959 ass en zentralen Datum fir déi lëtzebuergesch Radiosgeschicht. Op der Frequenz 92.5 entsteet e reegelméissege lëtzebuergeschsproochege Programm. Et ass d’Gebuertsstonn vum haitegen RTL Radio Lëtzebuerg. Chef vum Programm, deen an der Mëttesstonn a vun 18.30-21.30 Auer gesent gouf, ass den Nic Weber. De bis dato Meenungs- an Informatiounsmonopol vun der Printpress zu nationalen Theme fält. 10 Joer drop entsteet mam Hei Elei Kuck Elei eng reegelméisseg (eemol an der Woch) Tëleesemissioun op Lëtzebuergesch, sonndes mëttes um 13 Auer. D’Emissioun gëtt vun enger Equipe ronderëm de Jean Octave, de Pilo Fonck, de Pierre Puth an de  Jos Pauly gedroen.

31
  • © RTL Group
    RTL-City

Eng deeglech Tëleesemissioun wor eng grouss Konkurrenz fir d’Printpress. Mee an der Politik war een och frou, well d’Politiker sech esou virun de Wahle méi dacks op der Tëlee konnte weisen.
Den Ausbau vun den Emissioune wier ouni Vergréisserung vun der Infrastruktur net méiglech gewiescht. 1991 kritt RTL en neit Gebai um Kierchbierg, fir Radiosemissiounen ze diffuséieren a fir administrativ Zwecker. 1996 kënnt en zweet Gebai mat TV-Studioen dobäi.

2018 entsteet RTL City.

31

B. Piratesenderen

Zu Lëtzebuerg gëtt et laang Zäit nëmmen ee vum Staat autoriséierte Radiosender (RTL Radio Lëtzebuerg). Alternativ Senderen funken dofir zënter dem Ufank vun den 80er Joren aus dem Ausland – an ouni Erlaabnes oder Konzessioun – op Lëtzebuerg. Sou sent zum Beispill de Radio Grénge Fluessfénkelchen vun enger Wiss am belsche Grenzgebitt. Et ass e mobille Sender, deen duerno vun engem Kierchtuerm op der Areler Knippchen a spéider och aus de Studioe vum Atelier Radio Arlon sent. Zum Team gehéiert ë. a. de Robert Garcia vun Déi Gréng.

D’Equipe wëll um Radio iwwer alternativ Themen ewéi Ökologie, Amnesty International, 3. Welt schwätzen. De Sender ass de Grondsteen vum haitege Radio ARA.
Fir där gewëssener Anarchie entgéintzewierken, gëtt e gesetzleche Kader geschaf, deen d’Situatioun fir jiddweree reegelt an nei Senderen erlaabt. Et kënnt zur Liberaliséierung vun de Rundfunkfrequenzen.

31
  • Open Source
    De Logo vum Radio 100,7, fréier de Soziokulturelle Radio

C. 1991 Gesetz zur Liberaliséierung vun de Rundfunkfrequenze

Mam Gesetz zur Liberaliséierung vun de Rundfunkfrequenzen verléiert RTL säi Monopol. Privat wéi ëffentlech-rechtlech Sender kënnen elo entstoen. Als Beispill sief den 100komma7 genannt, en ëffentlech-rechtleche Sender mat soziokulturellem Schwéierpunkt , entstanen op Initiativ vun der Regierung. De „Papp“ vum 100komma7 (deemools: De soziokulturelle Radio) ass de Kulturminister Robert Krieps. D’Iddi vun engem Kultursender, dee vum Staat bezuelt gëtt, ass e wichtegt Instrument fir d’Stimuléierung vun der kultureller Produktioun.
Weider nei Sendere sinn den DNR (Den neie Radio) als Alternativ zu RTL, den Eldoradio als Jugendsender, de scho genannte Radio Ara, deen nieft Lëtzebuergesch och op Englesch sent, a Radio Latina, dee fir déi portugisesch Matbierger Emissiounen op Portugisesch huet.

32
  • D'Luxemburger Wort no der Liberatioun (1945)
  • D'Tageblatt no der Liberatioun (1945)

A. D’Situatioun bis 1945

Zënter 1704 si méi wéi 400 Zeitungen oder Zäitschrëften um Terrain vum Grand-Duché gegrënnt ginn. D’Pressefräiheet gouf zu Lëtzebuerg eng éischte Kéier 1848 proclaméiert, am selwechte Joer gouf och d’Luxemburger Wort (LW) gegrënnt. D’LW ass haut déi eelsten a war wärend laanger Zäit och déi aflossräichsten Zeitung zu Lëtzebuerg.

32

B. D’Entwécklung no 1945

Déi nationalsozialistech Okkupatioun huet en déifgräifenden Afloss op d’Zeitungslandschaft zu Lëtzebuerg. Et kënnt zu engem Konzentratiounsprozess: Vill Zeitungen, virun allem Lokalzeitungen an Zeitungen, déi net u Parteie gebonne waren a virum Krich existéiert hunn, hunn dono net méi d’Mëttelen, fir ze erschéngen: Iwwreg bleiwen d’Parteizeitungen – also déi Presselandschaft, déi mir haut nach kennen.
No 1945 sinn d’Dageszeitunge praktesch Parteiorganer, déi enger bestëmmter politescher Partei no stinn. Déi véier Parteien (CSV, LSAP, DP, KPL) hu jeeweils hir eegen Imprimerie an Dageszeitung.

32

Dageszeitungen zu Lëtzebuerg waren ëmmer national Zeitungen, lokal Zeitungen a Parteizeitungen an engems. D’Financieren hate an hunn groussen Afloss op de Contenu vun der Zeitung, deen sech z. B. duerch vill politesch Artikele weist.

Zousazinformatioun

Luxemburger Wort (säit 1848)
D’LW ass déi eelsten a meescht geliese Lëtzebuerger Zeitung. Als Leader um Marché ass si och Ausdrock vun engem Lëtzebuerger Konservatismus. D’Imprimerie Saint-Paul, an der d’LW gedréckt gëtt, gehéiert dem Bistum. Déi kathoulesch Zeitung, déi der CSV nosteet, nennt sech selwer „Presse Amie“.

Tageblatt (säit 1913)
D’Tageblatt gëtt 1913 vum liberalen Entreprener Paul Schroell als Escher Tageblatt gegrënnt. 1927 gëtt se mat der Imprimerie un d’Gewerkschafte verkaf. Aus dem Escher Tageblatt ass e Masseninstrument fir d’Lénksbeweegung ginn. Den Hubert Clément (Enseignant, Deputéierten a Buergermeeschter vun Esch) gëtt Direkter bis zu sengem Doud 1953. D’Tageblatt ka vu sech behaapten, datt et an senger iwwer 100-järeger Geschicht sämtlech international Dikaturen denoncéiert huet. An deem Kontext sinn Anti-NS-Karikature vum Tageblatt-Karikaturist Albert Simon an den 30er Joren ze gesinn. D’Zeitung gehéiert dem LAV (dono OGBL). Gewerkschaftler an Deputéiert si mat reegelméissege Beiträg an der Zeitung vertrueden, oft ënner engem Pseudonym. D’Tageblatt ass joerzéngtelaang dat ideologescht Géigegewiicht zum LW.

Lëtzebuerger Journal (säit 1948)
Et handelt sech ëm eng liberal Zeitung, déi och d’Sproochrouer vun der DP ass.

Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek (säit 1946)
Et handelt sech ëm d’Zeitung vun der Kommunistescher Partei (KPL).

D’Lëtzebuerger Land (säit 1954)
Heibäi handelt et sech ëm déi eenzeg Lëtzebuerger politesch onofhängeg Zeitung. Mat hire kriteschen a gutt recherchéierten Artikele riicht si sech un en intellektuelle Public.

Républicain Lorrain vu Metz (säit 1961)
Als auslännesch Zeitung gëtt si och zu Lëtzebuerg vill gelies a gëllt als staark Konkurrenz zu de Lëtzebuerger Dageszeitungen. Dëst virun allem wéinst hirem méi moderne Journalismus, deen net parteigebonne war a mat ville Photoe geschafft huet.
 

 

32

D’Dageszeitungen hunn tëschent 1945 an ca. 2000 hir Suen zu engem groussen Deel iwwer d’Abonnementer bezunn, déi dacks mat der politescher Präferenz vum Lieser ze dinn haten. Dat ass haut zum Deel nach de Fall.Wesentlech manner Sue ginn iwwer de Verkaf um Kiosk gemaach. E weidert Akommes sinn d’Zeitungsannoncen.
Als Parteiorganer haten d’Zeitunge keng wierklech Konkurrenz um Kiosk an nëmmen e geréngen Innovatiounsdrock. Doduerch stellt ee wéineg Evolutiounen am Layout an am Stil fest. D’Konsequenz ware laang Zäit „Bleiwüsten“ mat vill Text a wéineg Fotoen.

An de 70er Jore stellt sech ëmmer méi d’Fro iwwer d’Ënnerstëtzung vun der geschriwwener Press duerch de Staat.

Zousazinformatioun

Eng grouss Bedeitung hunn d’Meenungsartikelen an Editoriallen, d’Chambersberichter an d’Commentairen zu politeschen Entwécklungen.
Phaseweis huelen d’Zeitungsredaktiounen och eng méi kritesch Distanz par rapport zu deene Parteien, deenen si nostinn, an. Prinzipiell geschitt dat awer just baussent de Wahlperioden.
Parallel zu deene groussen Dageszeitungen entstinn awer och ëmmer nees nei Zeitungen an Zäitschrëften, wéi zum Beispill vun 1945 un d’Revue, eng Wochenzäitschrëft mat vill Bildmaterial, 1978 den Télécran oder 1988 de Gréngespoun (1988), haut Woxx, d’Zeitung vun der grénger Beweegung.

32
Den Documentaire "Naissance d'un grand quotidien" (1960, 33 Min.) iwwer d'Produktioun vum Luxemburger Wort
32

C. D’Pressehëllefgesetz (1976)

D’Pressehëllefgesetz vun 1976 gëtt wärend der Zäit vun der DP-LSAP-Regierung (1974-79) gestëmmt. Eng indirekt Pressehëllef huet scho virun 1976 existéiert; zum Beispill goufen d’Zeitungen duerch d’Post zu engem niddregen Tarif verdeelt.
D’Zil vum Pressehëllefsgesetz ass et, de Pressepluralismus zu Lëtzebuerg ze erhalen an och méi klengen Zeitungen eng Iwwerliewenschance ze ginn. All Partei/Ideologie soll sech ausdrécke kënnen. Dës Pressehëllef ass vun Ufank un un streng Bedingungen geknäppt, déi och am aktuelle Gesetz nach emol méi detailléiert festgehale ginn.

32

« Est à considérer comme organe de presse au sens de la présente loi toute publication imprimée
a) éditée au Grand-Duché de Luxembourg et y paraissant au moins une fois par semaine sans interruption sauf cas de force majeure ou cas fortuit;
b) éditée par une personne physique ou morale établie au Grand-Duché de Luxembourg, dont le but déclaré est le commerce de l’information; (Loi du 11 avril 2010)
«c) dotée d’une équipe rédactionnelle d’un minimum de cinq journalistes professionnels à plein temps liés à l’éditeur par un contrat de travail à durée indéterminée, étant entendu que deux journalistes professionnels à mi-temps équivalent à un journaliste professionnel à plein temps;

d) susceptible par sa diffusion de toucher l’ensemble de la population et ayant recours principalement aux langues luxembourgeoise, française ou allemande;
e) offrant une information générale aussi bien nationale qu’internationale et relevant à la fois des domaines politique, économique, social et culturel; f) financée essentiellement par le produit de la vente et le cas échéant la mise à disposition d’emplacements publici- taires ne dépassant pas en moyenne 50% de la surface totale;
g) dont l’achat ou l’abonnement n’est pas lié exclusivement à l’affiliation à une association ou organisation quelconque. Est toutefois exclue du bénéfice de la présente loi toute édition luxembourgeoise d’une publication étrangère, à moins que cette dernière ne bénéficie à l’étranger d’aucune aide à la presse, directe ou indirecte, quelles que soient les modalités d’une telle aide. »

Artikel 2 aus dem sougenannte Pressehëllefsgesetz (Texte coordonné du 30 avril 2010 de la loi du 3 août 1998 sur la promotion de la presse écrite.) (Source)

32
  • De Forum Nr. 200 (Mäerz 2000) setzt sech kritesch mam Meenungspluralismus zu Lëtzebuerg ausereneen. © Forum

Eng direkt Pressehëllef war awer ni onëmstridden.
Et huet sech zum Beispill d’Fro gestallt, ob de Staat domat an d’Pressefräiheet géif agräifen. Dodernieft ass kritiséiert ginn, et géif sech ëm eng indirekt Ënnerstëtzung vun de Parteien handelen, deenen hir Presseorganer Subside géife kréien. Villfach gouf och vun de Lieser d’Kritik opgeworf, si géifen iwwer déi nei Subside vum Staat zwee Mol fir eng Zeitung bezuelen.
Fir datt awer eng Demokratie fonctionnéiert, brauch een de Pressepluralismus, an de Pluralismus kann et wéinst der klenger Gréisst vum Marché nëmme mat staatlecher Hëllef ginn. Eng Ofschafung vun der Pressehëllef riskéiert also, dat Gläichgewiicht ze stéieren. Anerersäits besteet eng gewëssen Ofhängegkeet vun der Regierung, well kee bäisst gären ze fest an déi Hand, déi e fiddert.

32

D. Pressekris a Perspektiven

No 1990 fänkt et u komplizéiert ze ginn an der lëtzebuergescher Medien- a Presselandschaft. D’Consommatioun vu Printmedie geet drastesch erof.
Dëst huet verschidde Grënn.
Sou stellt een eng progressiv Perte vu Lieser/-innen an der Reichweite (net ze verwiessele mat den Abonnementer; d’Reichweite determinéiert, wéi vill Leit mat engem Medieprodukt a Kontakt kommen. Ermëttelt gëtt d’Reichweite all Joer duerch d’Plurimedia-Ëmfro zu de Liesgewunnechten) fest. Doduerch schalten och ëmmer manner Leit a Betriber Annoncen, wat zu enger Baisse vun de Recettes publicitaires féiert.
 

 

Gläichzäiteg konstatéiert een eng weider Zerspléckung vun der politescher Landschaft. Déi politesch Uerdnung, vun där och d’Zeitunge profitéiert hunn, léist sech op: Aus politscher Konkurrenz gëtt no an no eng kommerziell Konkurrenz. Doduerch verschäerft sech de kommerziellen Drock an d’Konkurrenzsituatioun tëschent den Zeitungen.
D’Zeitunge kréien zudeem ëmmer méi Konkurrenz vun den Tëleessenderen.

32

Zënter der Mëtt vun den 90er Jore si vill Zeitungen och mat engem Internetsite vertrueden, op deem Artikelen aus dem Print telquel gratis online gesat sinn, an der Hoffnung, nei Lieser fir déi traditionell Printausgab ze gewannen. Dëst stellt sech allerdéngs als Iertum eraus. Zudeem kann ee mat Online-Annoncen net vill Sue verdéngen.
Spéitstens 2010 gëtt Lëtzebuerg vun der Pressekris getraff, déi en internationaalt Phänomen ass. Wéi reagéiert déi Lëtzebuerger geschriwwe Press dorop?
Laang Zäit stellt ee keng Reaktioun bei den Zeitunge fest. Et muss een sech d’Fro stellen, ob déi Verantwortlech net ze stolz sinn, den Internet als d’Zukunft unzeerkennen, mee just als verlängerten Aarm vum Print.

 

Et kënnt och zum Phänomeen vun de Gratiszeitungen: L’Essentiel (2007) a Point 24 (2007) riichten sech haaptsächlech un d’Frontalieren, si politesch neutral a finanzéieren sech praktesch exklusiv iwwer Annoncen. Trotz dem Erfolleg kann een dësen Zeitunge Kannibalismus vun der Presse payante ënnerstellen. Zudeem maache vill Leit keen Ënnerscheed méi tëscht presse payante a gratuite. Doduerch stellt een och e Verrutsche vun den hard to soft news  an Infotainment fest.
D’Zeitunge gi sech zudeem eng nei Ligne éditoriale, bei där et drëm geet, keng Lieser duerch ze vill kloer politesch Meenungen ze verschrecken. Et wëll een eng gréisser Distanz zum Financier hunn an eng politesch méi neutral Zeitung ginn.

32

D’Haaptfro bleift och weiderhin, wéi eng Zeitung wirtschaftlech am a mam Internet iwwerliewe kann. Eng nei Generatioun vu Mediekonsumente muss een am Internet nees dozou kréien, en Abonnement ze kafen. Éischt Initiative sinn ze erkennen: Zënter 2015 gëtt et wort+, zënter 2017 Tageblatt Premium. D’Onlinezeitung reporter.lu finanzéiert sech duerch Online-Crowdfunding. De Prinzip vun der Paywall fänkt un sech duerchzesetzen.
D’Zukunft vun der geschriwwener Press wäert weiderhi mouvementéiert bleiwen.

32

Videoquellen

  • Vun 1933 un diffuséiert d'CLR international Programmer a ganz Europa. © RTL Group
  • Den Documentaire "Radio Luxembourg - Antenne de l'Occident" (1937, 14 Min.). Archive: Centre national de l’audiovisuel (CNA)
  • D'Radiosinstallatioune vun der CLR am Déngscht vun der US-Army (1944-45) © RTL Group
  • Déi offiziell Aweiung vum Televisiounssender zu Diddeleng 1954 © CNA / RTL Group
  • Den Documentaire "Naissance d'un grand quotidien" (1960, 33 Min.) iwwer d'Produktioun vum Luxemburger Wort. Archive: Centre national de l’audiovisuel (CNA)
Dossier pédagogique
Rop

01

 

01

rof